Zinglabumm - Band 6
Fir déi Kleng an déi Grouss, fir doheem, fir d'Crèche, fir d'Schoul, ze sangen, ze danzen, ze spillen, ze dreemen, ze laachen, z'entdecken... E Buch mat enger CD-ROM & enger CD-Audio
Elo ass et souwäit: den Zinglabumm 6 ass eraus! Dat ass natierlech e Grond fir frou ze sinn. Well'lo kënne sech d'Enseignanten an de Schoulen, d'Elteren an d'Kanner doheem nees op e neie Band freeën. Lidder fir mat ze sangen an drop ze danzen, Spréchelcher a Gedichter, flott Filmercher a lëschteg Spiller, déi engem op eng spilleresch Aart a Weis d'Welt méi no weist.
E Buch mat enger CD-ROM & enger CD-Audio
Fir déi Kleng an déi Grouss, fir doheem, fir d'Crèche, fir d'Schoul, ze sangen, ze danzen, ze spillen, ze dreemen, ze laachen, z'entdecken...